Lëtzebuerg hëlleft am Ganze mat 2,7 Milliounen Euro
January 21, 2010
Fir den Affer vun deem fuerchtbaren Äerbiewen den 12. Januar 2010 op Haiti ze hëllefen, huet Lëtzebuerg eng finanziell Nouthëllef iwwer 1,2 Milliounen Euro decidéiert. Déi Sue sollen zesumme mat de Partner am humanitäre Beräich agesat ginn.
An enger 1. Phas gouf eng hallef Millioun Euro accordéiert:
- 200.000 Euro fir de “Programme alimentaire mondial” (PAM): Hei geet et ëm Liewensmëttel;
- 50.000 Euro fir Objectif Tiers Monde: Drénkwaasser, Iessen a medezinnescht Material;
- 50.000 Euro fir d’Fondation Caritas Luxembourg: Prise en charge vun engem ” camp de déplacés”;
- 100.000 Euro fir Care Lëtzebuerg: Drénkwaasser a provisoresch Abrien;
- 50.000 Euro fir d’Hëllefsequipe vu Protection civile a Croix-Rouge;
- 50.000 Euro fir d’Emergency Rescue Unit (ERU) vun der Croix-Rouge.
Bild: rtl.lu
