Luxembourg, le 5/09/2010

Haiti: Loftbréck vun den USA ass nees ugelaf

February 1, 2010

Op Haiti hunn d’USA erëm dermat ugefaangen Blesséierter auszefléien. D’Loftbréck war leschte Mëttwoch ënnerbrach ginn wéint US-Kanner-Kidnapper.
Deen Ament war net kloer, wien um Enn fir dës Volen soll opkommen. Dat jideefalls mellen amerikanesch Medien.
En aneren Grond soll awer och den Tëschefall sinn, deem de Week-End bekannt gouf. E Groupe vun 10 Amerikaner war festgeholl ginn, well se probéiert hunn Haiti mat Kanner ze verloossen, déi keng Pabeieren haten.
E Méindeg jiddefalls huet d’US Air Force erëm Blesséierter an d’USA geflunn, wou se solle behandelt ginn. Déi haitianesch Autoritéiten hunn awer zur gläicher Zäit ugekënnegt, si wéilte verstäerkt drop oppassen, dass keng Kanner ausgeflunn ginn, déi net an engem Adoptiounsprozess sinn